Eric Thill

@thill_eric

đŸ”čKulturminister & delegĂ©ierten Tourismusminister đŸ‡±đŸ‡ș đŸ‡ȘđŸ‡ș đŸ”čGeneralsekretĂ€r vun der @dp_demokratesch_partei 💙
Followers
5,553
Following
2,270
Account Insight
Score
32.27%
Index
Health Rate
%
Users Ratio
2:1
Weeks posts
🎬 Traditionelle Rendez-vous mat de LĂ«tzebuerger Professionellen aus dem audiovisuelle Secteur đŸ‡±đŸ‡ș Am LĂ«tzebuerger Pavillon um @festivaldecannes hunn d’GesprĂ©icher nach emol gewisen, wĂ©i dynamesch an engagĂ©iert de LĂ«tzebuerger Film- an Audiovisuelssecteur ass. DĂ©i vill Filmer a Projeten, dĂ©i dĂ«st Joer zu Cannes vertruede sinn, Ă«nnerstrĂ€ichen dĂ©i international VisibilitĂ©it an d’Unerkennung, dĂ©i eis Professionell sech an de leschte Joren opgebaut hunn 👏 An engem Kontext vu villen Erausfuerderungen ass et Ă«msou mĂ©i wichteg, am enken Dialog mam Secteur ze bleiwen an zesummen un nohaltege Perspektive fir d’Zukunft ze schaffen. DobĂ€i bleift d’Engagement vun der Regierung fir de Secteur kloer: mam FinanzĂ©ierungsgesetz gĂ«tt eng stabil Basis fir dĂ©i nĂ€chst Jore garantĂ©iert, an dĂ©i aktuell Adaptatioune vun den AFS sollen d’lĂ«tzebuergesch artistesch an technesch Kompetenzen an de gefĂ«rderte Projeten nach weider stĂ€erken. Merci un all dĂ©i Professionell, Associatiounen a Partner, dĂ©i sech all Dag mat vill Passioun fir de LĂ«tzebuerger Film asetzen. đŸŽ„ @filmfundlux @kulturministere.lu
105 1
14 hours ago
🎬 LĂ«tzebuerg stĂ€erkt seng international Zesummenaarbecht am audiovisuelle BerĂ€ich Um @festivaldecannes huet LĂ«tzebuerg haut e Koproduktiounsaccord mat Island Ă«nnerschriwwen. DĂ«sen Accord wĂ€ert nei Partnerschaften tĂ«scht den audiovisuelle Secteuren aus bĂ©ide LĂ€nner fĂ«rderen an international Koproduktioune weider stĂ€erken. đŸ‡±đŸ‡ș🇼🇾 LĂ«tzebuerg an Island deelen dobĂ€i eng gemeinsam Visioun: kleng LĂ€nner mat oppenen, kreativen an international vernetzte Kulturzeenen. Deen neien Accord schaaft e feste Kader fir zukĂŒnfteg Koproduktiounen an Ă«nnerstrĂ€icht d’Wichtegkeet vun der internationaler kultureller Zesummenaarbechten. D’ËnnerschrĂ«ft vum Accord ass Deel vun enger staarker LĂ«tzebuerger Presenz um Festival de Cannes, wou verschidde LĂ«tzebuerger Koproduktiounen an Talenter am Fokus stinn. De LĂ«tzebuerger Filmsecteur weist domat eemol mĂ©i seng KreativitĂ©it an hĂ©ich QualitĂ©it. @filmfundlux @kulturministere.lu #cannes2026
97 0
1 day ago
đŸ‡±đŸ‡ș📾 LĂ«tzebuerg op de Rencontres d’Arles 2026 Am @nationalmusee goufen haut dĂ©i zwou Ausstellungen presentĂ©iert, mat deene LĂ«tzebuerg dĂ«st Joer op de renommĂ©ierte @rencontresarles vertrueden ass. Am MĂ«ttelpunkt vun eiser Presenz um weltwĂ€it grĂ©isste Festival vun der Fotografie steet den Edward Steichen — eng vun de bedeitendste Figuren an der Geschicht vun der Fotografie. DĂ©i zwee Projeten iwwer d’Wierk vum Amerikaner mat lĂ«tzebuergesche Wuerzelen sinn net nĂ«mmen en Hommage un d’Wierk vum Steichen, mee weisen och d’QualitĂ©it vun de Sammlungen, dĂ©i zu LĂ«tzebuerg konservĂ©iert ginn 👍 Merci un d’Ekipp vu @letzarles fir hiren aussergewĂ©inlechen Engagement, mat deem si zanter 10 Joer d’lĂ«tzebuergesch Fotografieszeen international mĂ©i visibel maachen 👏
79 0
3 days ago
EU-Conseil vun de Kulturministeren zu BrĂ©issel & Renconter mat LĂ«tzebuerger KĂ«nschtlerinnen a KĂ«nschtlerđŸ‡±đŸ‡șđŸ€đŸ‡ȘđŸ‡ș Am Fokus stoung Ă«nnert anerem: 👉 den neien europĂ€esche FĂ«rderprogramm AgoraEU, deen an Zukunft Kultur, Audiovisuelle Contenu a Medie geziilt Ă«nnerstĂ«tze soll. 👉 programme de travail 2027-2030 👉Des Weideren hunn ech mech och mat LĂ«tzebuerger KĂ«nschtlerinnen a KĂ«nschtler, dĂ©i zu BrĂ©issel wunnen getraff, fir iwwert dĂ©i aktuell Defien am Kultursecteur ze schwĂ€tzen - Merci fir deen interessanten Echange! 🙌
68 2
4 days ago
Fir LĂ«tzebuerg ass d’Biennale zu Venedeg e wichtege Rendez-Vous, fir eiser Kulturzeen eng international BĂŒn ze bidden. De LĂ«tzebuerger Pavillon, mat engem Wierk vum Aline Bouvy, schwĂ€tzt bei dĂ«ser Editioun wichteg Sujeten un: sozial Normen, MuechtverhĂ€ltnisser an Ausgrenzung. LĂ«tzebuerg verteidegt konsequent d’kĂ«nschtleresch FrĂ€iheet a schaft e Kader, an deem KĂ«nschtler*innen sech onofhĂ€ngeg ausdrĂ©cke kĂ«nnen. Ech si frou, dass de couragĂ©ierte Projet vum LĂ«tzebuerger Pavillon e Beweis fir dĂ«s artistesch FrĂ€iheet ass 👏 Nach bis den 22. November kann een de LĂ«tzebuerger Pavillon op der Biennale zu Venedeg entdecken. @labiennale @kulturlx @kulturministere.lu
126 2
8 days ago
đŸ—ŁïžđŸ‡±đŸ‡ș Felicitatiounen un d’Laureatinnen a Laureate vum Nationale PrĂ€is fir d’VerdĂ©ngschter Ă«m d’LĂ«tzebuerger Sprooch 👏 🏆 2025: Jackie Messerich Zanter JoerzĂ©ngten engagĂ©iert si sech mat vill Passioun fir d’LĂ«tzebuergescht, d’Sproochecoursen an d’Integratioun zu LĂ«tzebuerg. 🏆 2026: Wikimedia LĂ«tzebuerg Mat Dausende vun Artikelen op LĂ«tzebuergesch maachen d’Benevolle vu Wikimedia eis Sprooch och online visibel a fir jiddereen zougĂ€nglech. đŸżïž D’LĂ«tzebuerger Sprooch lieft duerch dĂ©i MĂ«nschen, dĂ©i se all Dag schwĂ€tzen, vermĂ«ttelen a weiderdroen. Merci un all dĂ©i, dĂ©i dozou bĂ€idroen đŸ‡±đŸ‡ș
45 0
10 days ago
Presentatioun vum neie Programm vun der @philharmonie_lux đŸŽŒ De SuccĂšs vum leschte Joer – mat mĂ©i Visiteuren an engem wuessenden Interessi bei jonke Leit – ass en dĂ€itlecht Zeechen, datt d’Philharmonie mat hierem kulturelle Programm d’Leit erreecht. Besonnesch wichteg bleift dobĂ€i den AccĂšs fir jiddereen. Initiativen am BerĂ€ich vun der kultureller Bildung, souwĂ©i inklusiv Projeten droen dozou bĂ€i, BarriĂšren ofzebauen an nei Publicen zesummenzebrĂ©ngen 🙌 De Programm fir dĂ©i kommend Saison reflektĂ©iert dĂ«s Ambitioun: hĂ©ich artistesch QualitĂ©it, national & international Ausriichtung an eng breet Offer fir dĂ©i ganz Gesellschaft 👍 Ech freeĂ« mech op dat wat eis erwaart!
80 2
11 days ago
Wichtege Schratt fir d’Schieferlandschaft vun Uewermaartel: D’Kandidatur fir d’UNESCO-Weltierwe gouf haut offiziell lancĂ©iert 🙌 De Site rondrĂ«m de SchiefermusĂ©e, mat iwwer 200 Joer Geschicht, ass e wichtegen Deel vun eisem industrielle Patrimoine. Hei krĂ©ien haut Visiteure vun heiheem an aus dem Ausland, vu Grouss bis Kleng, eng spannend ZĂ€itrees gebueden. D’Kandidatur ass d’Resultat vun enger breeder Zesummenaarbecht – tĂ«scht Institutiounen, Associatiounen a villen engagĂ©ierte Benevollen. Eng mĂ©iglech UNESCO-Inscription gĂ©if net nĂ«mmen international VisibilitĂ©it brĂ©ngen, mee och nohalteg EntwĂ©cklung an nei Perspektiven fir dĂ©i ganz Regioun 👍 @musee_de_lardoise @kulturministere.lu
130 1
12 days ago
04 | 26 #april #recap 1ïžâƒŁ 🏰 Schlass BuerglĂ«nster 2ïžâƒŁ Emaischen 3ïžâƒŁ 🌞🍩um Europacamping NoumerleeĂ«n 4ïžâƒŁ Optakt vun der Tourismussaison 2026 @letzebuergvakanz 5ïžâƒŁ @rockhallux 6ïžâƒŁ Pressekonferenz iwwer den neie #CreativeLab fir LycĂ©eĂ«n 7ïžâƒŁ 1.Mee @lcgb_luxembourg 8ïžâƒŁ Presentatioun vum Aktiounsplang fir den Zougang zur Kultur 9ïžâƒŁ & 1ïžâƒŁ0ïžâƒŁ MĂ€ertchen @villedeluxembourg 1ïžâƒŁ1ïžâƒŁ đŸŒżđŸŒ· @visitluxembourg 1ïžâƒŁ2ïžâƒŁ Grondsteeleeung vum neie Konferenzzentrum zu Miersch 1ïžâƒŁ3ïžâƒŁ & 1ïžâƒŁ4ïžâƒŁ Aweiung vum Parc de l’Alzette zu EttelbrĂ©ck 1ïžâƒŁ5ïžâƒŁ Aweiung Victor Hugo Statue @visitvianden 1ïžâƒŁ6ïžâƒŁ @m3eechelen 1ïžâƒŁ7ïžâƒŁ & 1ïžâƒŁ8ïžâƒŁ Visitt um gallo-rĂ©imesche Site zu Duelem đŸ›ïž 1ïžâƒŁ9ïžâƒŁ Konferenz iwwer droits d’auteurs an der @bnluxembourg 2ïžâƒŁ0ïžâƒŁ 🌊
151 2
15 days ago
Aweiung vum reamĂ©nagĂ©ierte Parc de l’Alzette zu EttelbrĂ©ck 🌳🌞 D’Resultat vun den Aarbechte ka sech weise loossen: mat senger neier Promenade, dem Minigolf, engem Bistro a Camperplazen kritt EttelbrĂ©ck eng weider Plus-Value fir Awunner a Visiteuren am HĂ€erz vun der Nordstad. De Site stĂ€erkt domadder d’touristesch Offer an der ganzer Regioun – a bitt Entspanung, Natur a FrĂ€izĂ€itaktivitĂ©iten op enger Plaz đŸ™ŒđŸŒïž
91 0
16 days ago
#WorldDanceDay 💃đŸ•ș
102 2
18 days ago
“Hanner Bra” mĂ©cht seng Dieren nees op — als moderne Kulturzentrum fir VerĂ€iner a Bierger 🎭 Ech freeĂ« mech, datt d’Gemeng sech entscheet huet d’Gebai ze sanĂ©ieren, a mat engem modernen Ubau ze vergrĂ©isseren. Ganz an der KontinuitĂ©it vun de bestoende Maueren, awer ugepasst un dĂ©i haiteg Besoinen, krĂ©ien d‘Bierger a VerĂ€iner elo hire „neien alen“ VerĂ€inssall zerĂ©ck, a beschte Konditiounen a mat modernen Equipementer. Domadder krĂ©ien d’Becher Biergerinnen a Bierger eng Plaz vum Austausch, dem Zesummekommen an dem Engagement. Fir esou Initiativen ze fĂ«rderen, Ă«nnerstĂ«tzt de KulturministĂšre d’Gemenge beim Bau a beim RĂ©amĂ©nagement vun de kulturellen Infrastrukturen innerhalb vun eisen Dierfer đŸ€
56 0
19 days ago