Wat wesst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Weini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Eisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet? Fir lech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, inviteiert lech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem dressegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a raich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen.
Et spillen: Frédérique Colling
@frederique.colling a Jacques Schiltz
@jacques.schiltz
Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener
@claire.wagener a Maurice
Sinner
@momosinner
Bün a Kostüm: Michèle Tonteling
Persoun mat Anung: Antoine Lazzari
Produktiounsleedung: Jill Christophe
Teaser: Anne Schiltz
@annechenapop
22.03
@stadhaus Aalt Stadhaus Differdange, 06.06
& 07.07
@cape_ettelbruck CAPE Ettelbruck
Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Regional Aalt Stadhaus Differdange, mam CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, mam Kulturhaus Niederanven a mam Kinneksbond, Centre Culturel Mamer. ILL gett vum Kulturministère a vun der Stad Esch-Uelzecht ennerstëtzt.