Ville d'Echternach

@villedechternach

Share Echternach with us, use the #Echternach in your photos. Discover & explore the capital of the #Mullerthal region and oldest town in Luxembourg!
Followers
3,788
Following
121
Account Insight
Score
30.76%
Index
Health Rate
%
Users Ratio
31:1
Weeks posts
🎡✨ Gläich ass et erëm sou wäit: d'Péngstkiermes kënnt zréck! ✨🎡 Vum 22. bis 26. Mee 2026 feiere mir nees zesummen op der Kiermesplaz „A Kack”. Freet Iech op flott Fahrgeschäfter, Spillstänn, kulinaresch Spezialitéiten a gutt Laun fir Grouss a Kleng! Den offiziellen Optakt fënnt den 22. Mee um 19:00 Auer statt – mat engem häerzlechen Empfang bei Éierewäin, Ham a traditionellem Kiermeskuch.🥂🍰 Mir freeën eis op Äre Besuch an op schéi gemeinsam Momenter op der Kiermes! 🎠🎉 Méi Informatioune fannt der hei 👉 https://fb.me/e/b94Z6WbMQ 🇫🇷 🎡✨ La Kermesse de la Pentecôte est de retour ! ✨🎡 Du 22 au 26 mai 2026, on se retrouve sur la place de la kermesse « A Kack ». Manèges, stands de jeux, des spécialités culinaires et une ambiance festive pour tous les âges ! La kermesse sera inaugurée officiellement le 22 mai à 19h – avec un accueil chaleureux autour d'un verre de vin d’honneur, de jambon et d'un gâteau de la kermesse 🥂🍰 Venez nombreux, la kermesse vous attend ! 🎠🎉 Plus d’informations ici 👉 https://fb.me/e/b94Z6WbMQ
215 0
29 days ago
⚡️🎙️Final Headliner for Echterlive 2026 confirmed: James Morrison The British singer-songwriter behind the Brit Award-winning career and hits like You Give Me Something closes the festival on 26/7 with his brand-new album Fight Another Day. Written after a period of deep reflection, this record is packed with soul, honesty and uplifting grooves – from powerful ballads to danceable tracks like Fill My Glass. After 20 years of music-making and millions of albums sold, James Morrison brings an exclusive open-air show to Echternach. 📅 Save the Date: 26.07.2026
🎟 Tickets available now: Link in bio! —— ⚡️🎙️Zweeten Headliner fir den Echterlive 2026 confirméiert: James Morrison De brittesche Singer-Songwriter schléisst mat Hits wéi You Give Me Something a sengem fonkelfrëschen Album Fight Another Day de Festival den 26/7, als grouss Finall of. No schwéieren Zäite vun Trauer a Reflexioun, bréngt d’Plack éierlech Texter, vill Soul an nei, ongewinnte Beats. Mat am Gepäck 20 Joer Musek a Millioune verkaafte Placken, kënnt den James Morrison fir eng exklusiv Open-Air-Show op Iechternach. 📅 Save the Date: 26.07.2026
🎟 Tickete vun elo un: Link an eiser Bio! #Echterlive2026 #JamesMorrison #FightAnotherDay #LiveMusic #FestivalSeason #VisitEchternach #SoulPop
74 5
5 months ago
🔥Echterlive 2026 - ass LIVE!🔥 👉Muer ass et souwäit: Grousse Reveal vum Datum an dem éischten Headliner-Act! Freet dir iech genau sou wéi mir?  ————— 🔥Echterlive 2026 is LIVE!🔥 👉Tomorrow is the big day: the big reveal of the date and the first headline act! Are you as excited as we are? #EchterliveFestival #Echterlive2026 #EchternachVibes #VisitEchternach #LiveInEchternach #MusicFestival #LiveMusicLovers #FestivalSeason #ConcertVibes #MusicIsLife
51 1
5 months ago
De 17. Oktober hate mir eis #Sportleréierung am Trifolion Echternach. Hei goufen d’Sportler mat aussergewéinleche Leeschtungen aus dem Kampfsport, Ekippesport mee och de Schach an dem Schéissveräin mat engem Diplom an enger Medaille🥇 ausgezeechent. Am ganze goufen 78 Diplomer an de verschiddenen Kategorien verdeelt! Mir sinn houfreg 😊sou vill vun eisen aktive Sportler konnten auszezeechnen a mir soen och de Veräiner an all hire Membere Merci fir hiren Engagement an eiser Gemeng! Der Sportskomissioun och e grousse Merci fir déi super Organisatioun. 🙏 All d'Fotoë fannt Dir ënnert folgendem Link: https://echternach.lu/sportlereierung-2025/ ___________ Le 17 octobre, nous avons honoré nos sportifs méritants au #Trifolion : les sportifs ayant réalisé des performances exceptionnelles dans le domaine des arts martiaux, des sports d'équipe, mais aussi aux échecs ou de tir ont été récompensés par un diplôme et une médaille🥇. Au total, 78 #diplômes ont été remis dans les différents catégories ! Nous sommes fiers 😊de récompenser autant de nos sportifs et nous remercions également nos clubs et leurs membres pour leur engagement dans notre commune ! Un grand merci également à la commission des sports et des loisirs pour son excellente organisation.🙏 Vous trouverez toutes les photos sous le lien suivant: https://echternach.lu/sportlereierung-2025/ @Club Taekwondo de la Moselle Cercle Nautique Echternach @DT Echternach @Gym USEchternach @Schachclub Echternach "De Sprenger" @Albes Eechternoach @Daring Club Echternach @Judo Club Beaufort-Echternach @KC Eechternoach 82 @Tennis Club Echternach @Soci été de tir aux armes sportives et de chasse a.s.b.l. Echternach @volleyball_echternach
70 1
6 months ago
🎩✨ Haut ass et esou wäit – d’Steampunk-Convention 2025 geet lass! ✨🎩 🕰 Den historesch Maartplaz verwandelt sech haut a muer an eng Bün fir fantastesch Kostümer, Dampmaschinnen a viktorianesche Retro-Charme! 📍 Hei sinn d’Highlights fir Iech: 🎶 Live-Musek vun Tales of Nebelheym 📸 Fotosessioun op historesche Plazen (Samschdeg + Sonndeg): 🕝 14:30 Auer: Kierch St. Peter & Paul 🕟 16:30 Auer: Basilika & Abtei 🎭 Kostümconcours (Sa.): 🕕 18:00 Auer um Maartplaz – maach mat oder looss Iech inspiréieren! 🛍 Steampunk-Maart (Sa +So.): 📍 Ronderëm de Maartplaz – Accessoiren, Moud & Konschthandwierk 🧳 Flou-, Trödel- & Antiquitéite-Maart: 📍 Park op der Sauerpromenade – parallel zur Convention, perfekt fir ze stöberen! 🎟 Entrée ass gratis 👗 Kostümer si wëllkomm, awer kee Muss! 📸 Kommt laanscht, erlieft eng Rees an eng aner Zäit a loosst Iech verzauberen! #echternach #steampunkechternach25 @talesofnebelheym
66 0
9 months ago
🇱🇺Haut: Sonndesmoart bis 17 Auer mat Musek, Animatioun a Kannerschminken! 🥳 Tëscht 11 a 15 Auer kënnt dir esouguer eng gratis Kutschfaart maachen. 🐴  Kommt laanscht, bréngt Är Frënn mat a genéisst einfach e flotten Dag!  Mir freeën eis op iech! 😊 🇫🇷Aujourd’hui : le marché du dimanche jusqu'à 17h, encadré par de la musique, des animations et du maquillage pour enfants ! 🥳 Entre 11h et 15h, vous pouvez même faire un tour gratuit en calèche. 🐴  Passez nous voir, amenez vos amis et profitez simplement d’une belle journée !  Nous nous réjouissons de vous voir ! 😊 #iechternach #sonndesmoart
154 1
10 months ago
Bësch am Krich – Krich am Bësch | Samsdeg, de 5. Juli 2025 « Erelchen » beim Mélickshaff Signaléierung Parking ab der Sortie N11, rte de Lux. (vis a vis CGDIS) 09:00–16:00 Auer | Fräien Entrée – ouni Umeldung #iechternach #krichambesch-beschamkrich
91 2
10 months ago
🇱🇺 Haut ass eppes méi lass – vun 9 bis 17 Auer fënnt de Sonndesmoart fir seng zweete Kéier statt, an dat ganzt mat Musek, Animatioun a Kannerschminken! 🥳 Kommt laanscht, bréngt Är Frënn mat a genéisst einfach e flotten Dag! ☀️ Mir freeën eis op iech! 😊 🇫🇷 Aujourd’hui, la ville est en vie – le marché du dimanche revient pour la deuxième fois, de 9h à 17h, encadré par de la musique, des animations et du maquillage pour enfants ! 🥳 Passez nous voir, amenez vos amis et profitez simplement d’une belle journée ! ☀️ Nous nous réjouissons de vous voir ! 😊 #echternach #sonndesmoart
71 0
11 months ago
🌲 Eng gelongen Holzstee läit hannert eis – d’Wieder huet matgespillt an d’Stëmmung war och gutt! 🌞 Dat ganzt Holz gouf erfollegräich versteet, a Grouss wéi Kleng ware begeeschtert vun der super Organisatioun. Besonnesch d’Kanner haten hir Freed un de Faarte mat der Päerdskutsch 🐴 – e richtegen Highlight! Duerno hu sech alleguer an der Leetsch zesummefonnt fir de schéinen Owend gemittlech auskléngen ze loossen. 🍻🪵 🌲 Une vente aux enchères de bois de chauffage réussie est derrière nous – le temps était de la partie et l’ambiance était excellente ! 🌞 Tout le bois a été vendu aux enchères avec succès, et petits et grands étaient ravis de cette super organisation. Les enfants, surtout, ont adoré les balades en calèche tirée par des chevaux 🐴 – un vrai moment fort ! Ensuite, tout le monde s’est retrouvé à la Leetsch pour terminer la soirée dans une atmosphère conviviale. 🍻🪵
81 0
11 months ago
🇱🇺 E ganz schéinen 1. Mee Iech all! ☀️🌺⛅️ Genéisst den Dag, a schéine Weekend och schonns am Viraus gewënscht! ✨ 🇫🇷 Joyeux 1er Mai à tous ! ☀️🌺⛅️ Profitez bien de cette journée, et excellent week-end d'avance ! ✨ Photo regrammed from © amalili0301 #echternach #iechternach
50 0
1 year ago
🇱🇺 🥁🪘🎶 Fir d'Schouljoer 2025/2026 rekrutéiert d'Iechternacher Musekschoul e Perkussiounsproff, dat fir 11 Stonnen d'Woch, mat engem onbefristen Aarbechtsvertrag. Haaptkonditiounen: - Bachelor oder entspriechenden Diplom an der Musek. - Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. - Generell Konformitéit mat dem Gesetz vum 26. Juli 2023, deen den Enseignement am kommunale Musekssecteur reegelt. 📅 Schéckt Är Kandidatur virum 23. Mee 2025 un: [email protected] an deelt gären de Message, wann Dir schonns Kandidate kennt. 😊 🇫🇷 🥁🪘🎶 Pour l’année scolaire 2025/2026, l’école régionale de musique recrute un enseignant à raison de 11 heures/semaine, en CDI. Conditions principales : • Bachelier ou diplôme équivalent en musique • Bonne maîtrise du luxembourgeois, français et allemand • Conformité avec la loi du 26 juillet 2023 régissant l’enseignement musical communal 📅 Envoyez votre candidature avant le 23 mai 2025 à [email protected] et n’hésitez pas à partager si vous connaissez un candidat ! 😊 👉🏻 https://echternach.lu/vacance-de-poste-27/ #echtenach #iechternach
13 0
1 year ago
🇱🇺 Pünktlech fir den Ouschterweekend erblitt Iechternach an engem Blummemier ! 🌷🐣 D'Stadbild ass de Moment ganz besonnesch schéin, dat dank de villen Tulpen, déi vun eisem Service Forêts et Espaces Verts gepflanzt goufen. E grousse Merci un si fir all déi Aarbecht, déi d'Faarf an esou vill Ecke vun der Stad bréngt! 💐 Profitéiert vum schéine Wieder, fir d’Stad mat hire Blummen nei ze entdecken! 🌸 🇫🇷 Echternach porte ses plus belles couleurs pour le week-end de Pâques ! 🌷🐣 La ville est magnifique en ce moment, grâce aux superbes tulipes plantées par notre service des Forêts et Espaces Verts. Un grand merci à eux pour ce travail exceptionnel qui apporte des touches de couleur à de nombreux coins de rue ! 💐 Profitez du beau temps pour redécouvrir la ville en fleurs! 🌸 #iechternach #echternach
181 4
1 year ago