Wat mécht een als Benevole an engem Turnveräin 🤸♀️ 🤸♂️?
Dat a méi zielt iech d’Claudia Wilwertz, Benevole beim @lrb_team 🎤
A wann dir selwer wëllt do Benevole ginn, da mellt iech hei 👉 benevolat.lu
Que fait-on comme bénévole dans un club de gymnastique 🤸♀️🤸♂️ ?
Cela et bien plus encore vous est raconté par Claudia Wilwertz, bénévole au Le Réveil Bettembourg 🎤
Et si vous souhaitez vous-même y devenir bénévole, inscrivez-vous ici 👉 benevolat.lu
📺 Dass de Benevolat fir de Sport immens wichteg ass, dat kann d’Nadine Kremer, Benevolatskoordinatorin vum Turnveräin @lrb_team , nëmme bestätegen 🤸♀️ 🤸♂️
Si erzielt an eisem Interview, wéi si d’Plattform vun der Agence du Bénévolat, benevolat.lu, notzt, fir nei Benevollen ze fannen a wéi si dës Benevollen encadréiert 🎤
Wéi sou eng Benevolatsmissioun vun hinnen ausgesäit fannt dir hei 👉 benevolat.lu
📺 Le bénévolat est extrêmement important pour le sport, et Nadine Kremer, coordinatrice du bénévolat du club de gymnastique Le Réveil Bettembourg, ne peut que le confirmer 🤸♀️ 🤸♂️
Dans notre interview, elle explique comment elle utilise la plateforme de l’Agence du Bénévolat, benevolat.lu, pour trouver de nouveaux bénévoles et comment elle les encadre 🎤
Vous pouvez découvrir ici à quoi ressemble une mission de bénévolat chez eux 👉 benevolat.lu
❤️Coupe de Consolation Adultes fém.❤️
And last, but not least…. hunn och eis Damen e Sonde fir d’Coupe de Consolation geturnt 💫🙌🏻
No engem gudde Match sinn si op déi 1. Plaz vum Podium geklomm🥇😍 a konnten esou och d’Coupe de Consolation gewannen 🏆👏🏼
Den Ofschloss vun engem wonnerbaren Weekend, bravo Meedecher 🤩
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #lereveil
💙Coupe de Consolation Espoirs fém.💙
E Sonden sinn eis Espoirinnen dunn fir d’Coupe de Consolation ugetrueden 💪🏻✨
Och si hunn e gudde Match geturnt, a konnte sech déi éicht Plaz sëcheren🥇😍 Eng weider Coupe déi dësse Weekend op Betebuerg kennt🏆👏🏼
Bravo Meedecher 🤩
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #gymnastics
💙 Coupe de Consolation Espoirs masc. 💙
E Samsden de Moien sinn eis Espoirs Jongen bei der Coupe de Consolation ugetrueden 💪🏻💫
Déi jonk Equipe huet dat super gemeet an déi 5. Plaz erreecht 👏🏼☺️
Weider esou fläisseg, mir si stolz op iech! 🫶🏼
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #gymnastics
💙 Coupe de Luxembourg Adultes masc. 💙
E Samsden de Mëtte sinn och eis Männer an der Final vun der Coupe de Luxembourg ugetrueden 💪🏻💫 Zil: den Titel verteidegen.
An esou sollt de ganze Match och laafen, super geturnt, an dach as et um Pauschepäerd net duergaang.
Eng wonnerbar 2. Plaz hu si gemaach, a kennen immens stolz op sech sinn 😍🥈
To be continued…👏🏼
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #gymnastics
❤️Coupe de Luxembourg Adultes fém. ❤️
Och eis Damen sinn e Samsden de Mëtte ugetruede fir hiren Titel ze verteidegen 💪🏻💫
An esou sollt et och kommen, a si konnten no engem feelerfräie Match, a wonnerbaren Übungen op alle 4 Geräter, ganz uewen op de Podium klammen 😍🥇
D‘Coupe déi geet op Beetebuerg 🏆👏🏼
You did this 🤩
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #gymnastics
💙 Coupe de Luxembourg Espoirs fém. 💙
E Samsden de Mëtte stoungen eis Espoirinnen an der Final vun der Coupe de Luxembourg 💪🏻🤩
No engem super Match, an enger souveräner Leeschtung vun enger jonker Equipe, konnte si sech déi 1. Plaz sëcheren 👏🏼 🥇
Domadd hu si den Titel verteidegt a bréngen d‘Coupe nees mat op Betebuerg 🏆
Mir si stolz op Iech Alleguer 😍
Merci och eise Jugen an Trainer fir dee ganzen Asaz op dësem flotte Weekend 💫👏🏼🫶🏼
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #oneteam #gymnastics
💫 Congrats Valentina 💫
E Freiden huet d‘Valentina ganz kloer bewisen, dass hat sech mat der Internationaler Konkurrenz moosen kann 😍
Direkt an 3 Finalen ugetrueden an 2mol op de Podium geklomm 💫💪🏻
Um Buedem huet d‘Vale eng super 2. Plaz gemeet 🥈
An op der Putter, sengem Paradegerät, ass d‘Valentina feelerfräi bliwen a gewënnt d‘Goldmedaille 🥇🤩👏🏼
Weider esou ❤️
@valentina_marochi
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #gymnastics #flgym
✨ Congratulations Team Flgym ✨
No engem spannenden Match konnten eis Juniors Meedecher sech ganz knapp zesummen als Team fir d‘Junioren Europameechterschaft 2026 qualifizéieren 💪🏻🤩
Mir freeen eis onmooseg fir d‘Valentina an d‘Debora, ma mir gratuléieren och dem Ausra an dem Janice!
You did it 💙❤️
An kennt endlech als ganz Equipe zesummen déi Erfarungen maachen. 👏🏼
@flgym@nordstadturnverain
#lereveilbettembourg #lrb #qualified #flgym #europeanchampionships
💙 Championnats Nationaux GAM 💙
Op nationalem Plang konnt och de Yan sech gëschter bei de Landesmeechterschaften vun de Junioren duerchsetzen an de Championstitel sëcheren 🤩✨🥇
Och dem Leo geatuléiere mir, deen e gelongen Sprong a Buedem op nationalem Plang virweisen konnt 💪🏻☺️
Mir si stolz op iech!
Weider esou 💙
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #championnatsnationaux #gymnastics
💙 Championnats Nationaux GAF💙
Op nationalem Plang konnten direkt zwou Turnerinnen vum Le Réveil sech eng Podiumsplaz bei de Landesmeechterschaftfen sëcheren 😍💫
Dem Valentina gratuléiren mir fir säi Championstitel bei de Junioren 🤩🥇
D‘Debora konnt sech hei déi 3te Plaz sëcheren 🥉
An och d‘Valerie, d‘Leila an d’Hanna hunn hir Competitoun gudd gemeechtert, no enger kuerzer Preparatioun an enger Verletzung 👏🏼✨
Mir si stolz op Iech all!
Weider esou ❤️
#lereveilbettembourg #lrb #lrbteam #gymnastics #championatsnationaux