De 'Pavillon Source Bel-Val' am Park Um Belval luet an op eng aussergewéinlech Erfarung. Gitt mat op d'Rees vun der leschter Drëps a loosst Iech duerch eng speziell App an d'Geschicht vum Grondwaasser ënnert dem Park Um Belval féieren. Profitéiert donieft vum Park an erlieft eng eenzegaarteg Experienz.
Découvrez le captivant ‘Pavillon Source Bel-Val’ au Parc Um Belval ! Plongez dans l’expérience de la réalité augmentée avec l’application dédiée et découvrez l’histoire de la dernière goutte d’eau au cœur de la Source Bel-Val. Profitez en outre du Parc Um Belval et laissez-vous tenter par une expérience unique.
#belval #luxembourg #esch2022
@agoraluxembourg | @gardulaassocies | Multigone sàrl | Socom S.A.
Eise loop-Magasinn krut erfreeleche Besuch. Zesumme mat ampersand.studio si mir mam internationale MUSE Award an der Kategorie 'Publication/Magazine' ausgezeechent ginn. Kommt op d'Gemeng a séchert Iech ee vun de limitéierten Exemplairen.
♾️ 📷 bit.ly/loopmagasinn
Great honour for our loop-magazine. In collaboration with ampersand.studio we are proud to announce that we are the winner of an international MUSE Award in the category 'Publication/Magazine'. Get your limited edition at our town hall in Belvaux now!
loop – down the hills, across the land
E besonnesche Mount fir eis Gemeng verdéngt och ee besonnesche Réckbléck. Ab elo kënnt Dir Äre Magasinn mat deene beschten Esch2022-Momenter vu eisem Projet ‘loop – Down the hills, across the land’ bei eis op der Gemeng ewechhuelen. Ee Best-of aus iwwer 2.500 Fotoe vun deene 17 Projeten.
♾️ 📷 bit.ly/loopmagasinn
Rétrospective hors du commun d'un mois exceptionnel pour la Commune de Sanem. Récupérez désormais votre magazine ‘loop – Down the hills, across the land’ à la mairie et revivez les moments fort de notre projet Esch2022. Un best-of parmi plus de 2.500 photos de 17 projets.
Offiziell Aweiung leschte Freideg vun der Suessemer 'Kabaischen' um Visit Minett-Trail. De modernen a geraimege 'Gîte Bieles-Réideng' huet Plaz fir insgesamt 12 Persounen a kann ab Januar 2023 reservéiert ginn.
🥾 🏡 www.minetttrail.lu/en/the-kabaisercher
Inauguration officielle vendredi passé de notre 'Kabaischen' sur le parcours du Visit Minett-Trail. Le 'Gîte Bieles-Réideng', qui séduit par sa modernité et ses dimensions spacieuses, pourra bientôt accueillir jusqu'à 12 randonneurs. Réservations possibles à partir de janvier 2023.
E Méindeg de Mëtteg hu mir zesumme mat der @villeesch an @esch_2022 den neie Projet 'Time Travel Belval' beim Pavillon virgestallt. Vun elo un hutt Dir all Weekend d'Méiglechkeet eng virtuell Rees an déi faszinant Industriegeschicht vun dësem historesche Site ze maachen.
🚎 ⚒ Informations et réservations ➡ bit.ly/timetravelbelval
Présentation commune lundi après-midi du nouveau projet 'Time Travel Belval' ensemble avec la Ville d'Esch et Esch2022. Grâce à des lunettes de réalité virtuelle basées sur la géolocalisation, vous pouvez dorénavant revivre l’histoire captivante de l’ancien site Belval.
Maacht iech just nach dës Woch op de Wee vum 'loop' an entdeckt net nëmmen d'Skulpture vum 'Blow-up history' queesch duerch eis Gemeng, mee och d'Towers am Park um Belval.
♾️ www.loop22.lu
Découvrez encore cette semaine les sculptures du 'Blow-up history' tout à travers notre commune, ainsi que les 'Towers' au coeur du parc um Belval.