D'Stéphanie Weydert ass d'Invitée an der neister Episod vum CSV-Podcast MIKROSKOP.
D'Stéphanie war zimlech jonk schonn un der Politik interesséiert an engagéiert. Am Podcast schwätzt d'Députée-Maire iwwert hire Wee an d'Politik, Gemengefusiounen, Jonker a Fraen an der Politik an natierlech och iwwert hier Aarbecht an der Chamber.
Lauschtert de Podcast vun der CSV-Fraktioun gratis op de gewinnte Plattformen :
/episode/68atKP00d6ebk63biF47Qf?si=ce3d27fcf85541ca
/de/podcast/16-st%C3%A9phanie-weydert/id1785876293?i=1000767984703
https://mikroskop.podigee.io/17-st-phanie-weydert
👨🌾👩🌾Staark Mënsche féiere staark Betriber.
Mental Gesondheet ass nach ëmmer een Tabuthema – och an der Landwirtschaft 🚜🌾
Dofir begréisse mir als CSV d’Ënnerstëtzung vun der Ministesch @martine_hansen_lu fir d’Initiativ „Een oppent Ouer fir de Bauer, Gäertner a Wënzer“ déi zesumme mam Maschinenring, SOS Détresse an der Landwirtschaftskammer duerchgefouert gëtt 🤝👂
Wann Dir och eemol an esou engem Fall sidd, da kënnt Dir Iech op dëser Nummer mellen:
📞 8002 7171
Hëllef sichen ass ni een Zeeche vu Schwächt.
Et weist Courage a Stäerkt 💪💛
Eng modern Aarbechtswelt brauch net nëmme Kontrollen, mee och Preventioun, Dialog an Begleedung. Genau do setzt den Aarbechtsminister @mspautz mat der ITM ëmmer méi staark un. 🤝
De Rapport d’activité 2025 weist eng kloer Entwécklung: méi Sensibiliséierung, méi Informatioun an eng méi staark Preventiounskultur an den Entreprisen. Dat ass de richtege Wee.
Risiken a Problemer solle méiglechst fréi erkannt ginn – éier et zu Accidenter oder Konflikter kënnt. Eng gutt Preventioun schützt d’Salariéen, stäerkt d’Responsabilitéit an den Entreprisen a suergt fir eng méi sécher Aarbechtswelt. 🌱
📄 Zum Rapport: https://itm.public.lu/fr/publications/rapports-annuels/rapport-annuel-2025.html
🤝 CSV und CDU Saar im gemeinsamen Austausch
Die CDU-Landtagsfraktion mit dem Vorsitzenden Stephan Toscani hat am Montag den Präsidenten der CSV-Fraktion Laurent Zeimet empfangen.
Im Mittelpunkt des Austauschs standen die enge Partnerschaft zwischen CSV und CDU Saar, sowie die Zusammenarbeit in der Großregion insbesondere in den Bereichen Wirtschaft, Infrastruktur und Mobilität.
Eine schnelle und direkte Zugverbindung zwischen Saarbrücken und Luxemburg bleibt dabei ein wichtiges gemeinsames Anliegen. Auch der Schengen-Raum, die Sicherheit in der Grenzregion und die Wahrung der europäischen Freizügigkeit waren Thema.
Die CSV und die CDU Saar verbindet eine enge Freundschaft sowie ein gemeinsames Engagement für ein starkes Europa, demokratische Werte und eine gute Zukunft unserer Großregion. 🇱🇺 🇪🇺 🇩🇪
Vielen Dank auch an Philip Hoffmann, Bundestagsabgeordneter, und an Annegret Kramp-Karrenbauer, Vorsitzende der Konrad-Adenauer-Stiftung und ehemalige Ministerpräsidentin des Saarlandes für den interessanten Austausch. 👍
🎤💬Dir sidd häerzlech invitéiert, fir Iech mat Ärem Premierminister
Luc Frieden, Ärem Aarbechtsminister @mspautz , mat Ärem Finanzminister @gillesroth_ , Ärer Gesondheetsministesch @deprez_martine_ a mat Ären Deputéierten auszetauschen – fräien Entrée, Umeldung net néideg.
Diskutéiert mat eis iwwer:
- Den Challenge fir Mataarbechter ze fannen 🔎
- D’Problematik vun den Aktivitéitszonen 🏭
- Déi administrativ Vereinfachung: wat muss nach gemaach ginn? 👨💻
🗣️Mat eis diskutéieren onofhängeg Experten ewéi:
Myriam Gonçalves,
Entrepreneuse, Myriam Gonçalves Constructions
Sylvie Hansen,
onofhängeg Consultante, Mauced S.A.R.L.
Jean-Marie Jans,
Buergermeeschter, Gemeng Beetebuerg
📅 Dënschdeg, den 12. Mee ab 18:15 (Ufank 18:30) am Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment zu Beetebuerg, 445 Z.A.E. Wolser F