Catch a Smile

@catchasmile2015

"Catch a Smile asbl" is a luxembourgish non-profit organization helping refugees at the borders of Europe.
Followers
519
Following
53
Account Insight
Score
22.93%
Index
Health Rate
%
Users Ratio
10:1
Weeks posts
D’Fraen a Mammen Berdorf sinn en impressionante Club 💃🔥💪✨ Hire bekannten Haupeschmaart huet hinnen erlaabt 26.000€ u karitativ Organisatiounen ze verdeelen. Catch a Smile krut 5000€ dovunner a konnt sech op hirer emotionaler Generalversammlung och virstellen 🙏❤️ E rise grousse Merci dofir a weider esou!! 🌟🍀
3 0
26 days ago
E ganz grousse Merci un d’Personal vun der Gemeng Schëtter fir hire generéisen Don. An dësen net ëmmer einfachen Zäiten ass Är Ënnerstëtzung e staarkt Zeeche vu Solidaritéit an Zesummenhalt – dat schätze mir immens! @gemengschetter
5 0
1 month ago
🚲 Velookkassiounsmaart an der Belle Étoile 🚲🚲🚲🚲 Sicht dir no engem Vëlo zu engem gudde Präis? Da kommt laanscht op de Velookkassiounsmaart an der Belle Étoile! 👉 Grouss Auswiel u gebrauchte Vëloen fir Grouss a Kleng 👉 Nohalteg an sozial – mat all Kaf ënnerstëtzt dir d’Aarbecht vu Catch a Smile an der Stëmm vun der Strooss 👉 Perfekt Geleeënheet fir sportlech an ëmweltfrëndlech ënnerwee ze sinn 📍 Wou: Belle Étoile, Bertrange 🗓️ Wéini: bis den 28.03 Kommt laanscht, entdeckt flott Offeren a maacht eppes Guddes dobäi 💛 🚲 Second-hand bike market in Belle Étoile 🚲🚲🚲🚲 Are you looking for a bike at a good price? Then come by at the second-hand bike market in Belle Etoile! 👉 Large selection of used bikes for young and old 👉 Sustainable and social - with every purchase you support the work of Catch a Smile and Stëmm vun der Strooss 👉 Perfect opportunity to be sporty and environmentally friendly 📍 Where: Belle Étoile, Bertrange 🗓️ When: until 28.03 Come by, discover great offers and do something good 💛
5 0
1 month ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + Nr 7: YOURI 1) Wie bass du? Youri Cillien / 29 Joer 2) Beruff / Occupatioun? Advisor 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? - Schonn ëmmer motivéiert fir mäi Bäitrag ze leeschten, mee wosst net richteg wou ufänken - Duerch ee Kolleeg, de Felix, u Catch a Smile komm a säit 2020 aktiv am Comité 4) Deng bescht oder witzegst Erënnerung un déi lescht 10 Joer? 3 Kollegen, 2 Camionetten, 1 Pann - Ee Convoi op Calais, wou net alles geklappt huet, mee d'Spende schlussendlech awer do ukomm sinn, wou se sollten. 5) Däi Liewensmotto oder e Wonsch? Be kind to others, always!
5 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + Nr 6: NICKI 1) Wie bass du? Nicki Schilt, 36 Joer, Diddeleng, 2 Kanner 2) Beruff / Occupatioun? Event a Kommunikatioun 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Ech hunn 2015 bei der ASTI e Volontariat civique gemaach, wéi d’Julia Gregor op eis zoukomm ass. Ech gouf quasi zum perfekten Zäitpunkt fräiwëlleg "gezwongen" mat op deen 1. Convoi ze goen, deen dunn direkt mäi Liewe verännert huet. Et war op eemol ganz kloer, datt et net just bei deem engen Aller-Retour kéint bleiwen. Den Numm vun der ASBL hunn ech nach an der Camionette fir zréck (mat e puer aner fréiere Grënnungsmemberen) erfonnt. 4) Deng bescht oder witzegst Erënnerung un déi lescht 10 Joer? SOCKS!! 😉 Klengen Insider! Mee effektiv hunn ech geléiert, wéi vill e gutt waarmt Puer Strëmp wäert ass! 5) Däi Liewensmotto oder e Wonsch? D'Theorie vum Kolibri, dee versicht e Feier ze läschen: All Drëps Waasser hëlleft, eis Welt e bësse besser ze maachen!
5 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + Nr 5: NATHALIE (Tresorière vu CaS) 1) Wie bass du? Nathalie Schmit, 34 Joer, zesumme mat mengem Partner grad amgaangen ze Plënneren - mee bleiwen dem Minett trei 😉 2) Beruff / Occupatioun? Ech hu viru kuerzem an de soziale Sekteur gewiesselt a schaffen an der Scholdeberodung. 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Well ech 2016, ewéi sou vill vun eis, net einfach nokucke wollt, mee konkret hëllefen. Well ech fannen, datt wa jiddereen e bëssen hëlleft, do wou e wëll a kann, mer all zesummen an enger besserer Gesellschaft liewe kënnen. 4) Deng bescht Erënnerung un déi lescht 10 Joer? Ech sinn e puer Mol hannerteneen op Thessaloniki gaangen, hunn do matgehollef a gesinn ewéi aus dem Näischt e Warehouse fir Kleederspenden, Schlofsäck an Hygiènesartikelen an eng Gemeinschaftskichen entstane sinn, a wéi mer all Dag honnerte vu Leit hëllefe konnten. Ech hu geléiert, wéi ee mat wéineg Geld, awer vill Asaz, e Projet aus dem Buedem stampfe kann. Ech hu Fräiwëlleger aus ganz Europa kenne geléiert a mer sinn eng Gemeinschaft ginn. Ech hu gesinn, wéi vill mat wéineg erreecht ka ginn a wéi wéineg een am Liewe brauch, fir wierklech zefridde kënnen ze sinn. 5) Däi Liewensmotto oder e Wonsch? Iwwert déi lescht 10 Joer gouf aus "mir kënnen d'Welt retten" als éischt "mir kënnen d'Welt zwar net retten, awer vill bewierken" an dunn "mir kënnen net onbedéngt vill bewierken, awer eise klenge Bäitrag leeschten. An och dat ass ok a gutt." No effort made is ever lost!
5 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + Nr 4: NADINE (Sekretärin vu CaS) 1) Wie bass du? Nadine Gabriel, 33 Joer, wunne mat mengem Mann a Meedchen zu Tréier 2) Beruff / Occupatioun? Service national de la jeunesse, Equipe Service volontaire national 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Well 2015 fir mech kloer war, datt ech eppes maache wëll. Ech hunn d'Enstehung vu CaS vun Ufank un suivéiert a wollt dunn Ufank 2016 selwer mat op den Terrain goen. 4) Deng bescht oder witzegst Erënnerung un déi lescht 10 Joer? D'Aarbecht mat Benevollen aus der ganzer Welt 🫶 am Warehouse oder beim Spenden Triéiere kënnt oft gutt Stëmmung op, virun allem wann ee mol erëm eng It-Piece fënnt. 5) Däi Liewensmotto oder e Wonsch? Mir kënnen eenzel villäicht net d'Welt retten, mee jidderee vun eis kann e Stéck zu engem positive Changement bäidroen.
9 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + 1) Wie bass du? Jeff Donckel, 36 Joer, Berbourg 2) Beruff / Occupatioun? Enseignement Fondamental 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Bei Catch a Smile kann een aktiv sinn an dat mat coole Leit ronderëm! 4) Deng bescht oder witzegst Erënnerung un déi lescht 10 Joer? Karaoke mat Roots (a mam Alberto)😉 5) Däi Liewensmotto oder Wonsch? Sief oppe fir Neies!
8 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + 1) Wie bass du? Gilles Gerges, 38 Joer al, wunnen – zesumme mat mengem Jong a menger Partnerin – op engem Punkt, vun deem aus ee bis op Schenge kucke kann. Eng Plaz, déi mech all Dag dorunner erënnert, datt Grenzen ëmmer och eng Geschicht vu Freed, Hoffnung, Trennung a Verantwortung erzielen. 2) Beruff / Occupatioun? Ech schaffen als Chef de Service am Péitrusshaus, der nationaler Kriseninterventioun fir Mannerjäreger a jonk Erwuessener. 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Wat dréit dech? Ech maachen dës Aarbecht, well ech wierklech dru gleewen, datt Verännerung nëmme geschitt, wann een opsteet an un eppes schafft. Stoe bleiwe wier, an enger Zäit vu Krisen, Migratioun, politescher Radikaliséierung a sozialer Polariséierung, e Rezept fir den Echec. 4) Deng bescht oder witzegst Erënnerung un déi lescht 10 Joer? D’Begéignunge mat Mënschen op der Flucht hu mech gepräägt a geleeëntlech och wakereg gemaach – a grad doduerch entwéckelt. Hei e puer Beispiller: -op Chios, mam Auto ënnerwee, net wëssend wien oder wat een um Strand fënnt, -d’Begéignunge mat de BAAS-Fräiwëlleger aus der Schwäiz an ëmmer rëm energesch Eenzelkämpfer aus der ganzer Welt, Human Rights Watch mam Bic a Blat, -en alen Zaldot, dee méi gesäit wéi e weidergëtt, -dräi Jongen zu Dimitrovgrad, wou hir Elteren aus hirer eegener Flucht e Spill gemaach hunn, fir datt si iwwerliewe kënnen, -AN eist Team, dat iwwert hir Grenze gaangen ass, dacks - vill gesinn a vill agestach huet - perséinlech Grenze verréckelt huet an ëmmer rëm dem Mënsch e Laache geschenkt huet - egal wou - egal wéini - egal wiem! 5) Däi Liewensmotto, e Wonsch oder deng Haltung? Ech probéiere just dat ze léisen, wat wierklech e Problem ass. Éier ech schwätzen, probéieren ech ze verstoen, well all Situatioun huet – och wa se schwiereg oder esouguer schrecklech ass – e Grond, e Kontext, eng Geschicht. Ech si mir bewosst, datt et sou vill Meenunge gëtt, wéi et Experten (a méi) ginn, an datt Aushalen dacks déi gréissten Erausfuerderung ass.
10 0
2 months ago
+ Presentatioun vum CaS Comité + Nr 1: FABIENNE (Presidentin vu CaS) 1) Wie bass du? Fabienne Dimmer, 57 Joer, Diddeleng, 3 Kanner 2) Beruff / Occupation? D'Mamm vum Atelier 3) Wisou bass du bei CaS dobäi? Am Dezember 2015 hunn ech den Opruff ob FB fir de Convoi op Grand-Synthe gesinn, sinn du matgefuer an hu säitdeem net méi opgehalen. 4) Deng bescht Erënnerung un déi lescht 10 Joer? Bei Pushbacks (2019) tëscht Serbien a Bosnie goufen Eltere vun hiren 2 Kanner (3 a 5 Joer) getrennt. Jonk Refugiéën hunn d'Kanner am Bësch fonnt. Ech war déi Zäit zu Sarajevo. Duerch d'Kommunikatioun tëscht deene verschiddenen NGOe war et méiglech d'Kanner ze fannen, op déi richteg Plaz ze bréngen an z’iwwerginn. Ech hunn dat 3 Joer aalt Kand an Empfang geholl an hunn et sengem Papp an d’Äerm ginn. 5) Däi Liewensmotto oder e Wonsch? Méi Empathie a Versteesdemech fir aner Mënschen, méi Menschlechkeet!
49 0
2 months ago
Catch a Smile turns 10! 🎉✨ A decade of support on the ground, collecting donations and raising awareness about the refugee situation in Europe. 🌍 Even after all these years, our work remains as urgent and necessary as ever - something we witnessed firsthand during our recent convoy to Dunkirk. 🚐 To continue providing meaningful support and to ensure donations reach the people who need them most, we’re launching a fundraiser. 📢 We’re counting on you to spread the word and contribute if you can. ❤️🤝 You can find the fundraiser link via the QR code or via this link: /fundraising/10-years-of-catching-smiles?fbclid=IwZXh0bgNhZW0CMTEAc3J0YwZhcHBfaWQKNjYyODU2ODM3OQABHpOwQFl5K1M7Lnbnjhl6V3hzVXG10LykmL4swabsRD9a0DSPhoyToM3jXXdG_aem_nutt-MVPfgeeaVdklihuMw 🔗 Thank you for your continuous and invaluable support! 🙏💛
10 0
5 months ago
November 2015 - November 2025: What a journey! Haut viru genau 10 Joer ass déi alleréischt Ekipp vun engagéierte Lëtzebuerger mat enger Camionette voller Spenden opgebrach, fir ze hëllefen. Doraus ass Catch a Smile entstanen. An och 10 Joer méi spéit ass eisen Asaz nach ëmmer gebraucht! Mir wëllen dofir haut eise Grënnungsmemberen, all eise Volontären iwwert di lescht 10 Joer an all eise reegelméissegen a punktuellen Ënnerstëtzer e risege MERCI soen! Ouni Iech all kéinte mär net viru fueren, ze hëllefen! 🍀🙏❤️ ENGLISH VERSION: Exactly 10 years ago, the very first team of dedicated Luxembourgers set off with a van full of donations to help. From that, Catch a Smile was born. And even 10 years later, our work is still needed! Today, we would therefore like to say a huge THANK YOU to our founding members, to all our volunteers over the past 10 years, and to all our regular and occasional supporters! Without all of you, we would not be able to continue helping!🍀🙏❤️
15 1
5 months ago